🧘♀️ Yogacoursen 🧘♀️
Méindes
Lundi
|
09:00-10:15
18:00-19:15
|
Yoga doux (fr) avec Christine
Hatha/Vinyasa Mix mam Klaud
|
Dënschdes
Mardi
|
19:00-20:15
|
Yoga doux (fr) avec Christine
|
Mëttwochs
Mercredi
|
18:00-19:00
19:15-20:30
|
Yoga Vita mam Klaud (Yoga&Krebs)
Yin Yoga mam Laetitia
|
Donneschdes
Jeudi
|
09:00-10:15
19:30-20:45
|
Yoga mam Christine
Yoga mam Christine
|
Samsdes
Samedi
|
16:00-17:30
|
Yin Yoga mam Laetitia (1X/Mount)
|
Ufänger häerzlech wëllkomm.
Informéier dech fir déi genau Datume vun de Coursen an och fir d'Disponibilitéit vun de Platzen. Umeldung néideg.
Mat Abonnement oder Drop-In.
 |
|
 |
🌺 Ech sinn d’Christine, Grënnerin vu Yogatime a säit 2010 certifiéiert a passionnéiert Yogaléierin 🌺
Den Diplom dee vun den internationalen Sivananda Yoga Vedanta Zentren ausgestallt gouf ass Yoga Alliance accréditéiert a weltwäit unerkannt. Ech sin ausserdem zertifiéiert Yogaléierin fir Hormon- & Prenatal Yoga, Yin Yoga a Kanner Yoga (insgesamt 450 Formatiounstonnen).
A menge YOGA MAM CHRISTINE Cours leeden ech dech, am Rhythmus vun der Otmung, duerch ofwiesslungsräich Yoga-Sequenzen wou eng Asana (Postüre) fléissend an déi nächst iwwergeet. Et kennen och mol méi fuerdernd Asanas dobäi sinn, als klengen Challenge tëschenduerch, awer ganz ouni Zwang. Meeschtens kann ee méi wéi dat wat een sech zoutraut an dat kann zu flotten Wow-Erliefnisser féieren oder och zu engem gudde gemeinsame Lachert.
Iwwert d’Joëren hunn ech d’Chance gehat verschidde Yogastiler kennen ze léieren an dës Diversitéit intégréieren ech fir meng Coursen eenzegarteg ze gestalten.
Le cours YOGA DOUX est en français et composé d'exercices de mobilisation et de respiration, de postures de yoga simples et douces pour les articulations, effectués lentement. Des accessoires tels que des briques ou des coussins sont utilisés pour faciliter certaines postures. Ce cours est parfaitement adapté aux débutants.
Yoga helleft dech méi ausgeglach ze fillen, psychësch a physëch Flexibilitéit ze trainéieren a verbessert däin allgemengt Wuelbefannen well et de Nervesystem positiv beaflosst. Yoga verbënnt dech neess mat dir selwer.
D’Natur vum Mënsch ass Geescht a Kierper zugläich. Dëst Zesummespill huet mech nach emmer faszinéiert.
Wann d’Yogastonn dech entspant, gestärkt a positiv zugläich an den Alldag entléisst dann ass och mäin Objektiv erreecht. Ufänger sinn an alle Coursen wëllkomm.
Christine
+352 621153026 - yogatime.christine@gmail.com
Autorisation d'établissement N°10146218 / 0
R.C.S. : A44059
➰➰➰➰➰➰
|  |
Ech sinn d’Klaud Houtmann, certifiéiert Yogaléierin vir Hatha-, Vinyasa- & Restorative Yoga a Yoga und Krebs Trainerin
Yoga huet mech schonn eng Rei Joren begleet ier ech 2022 meng 200 Stonnen Ausbildung zu Tréier bei WAY ugefaangen hunn. Den Diplom, dee vun der Europäischen Akademie für Yoga und ganzheitliche Gesundheit ausgestallt ginn ass, ass vun der AYA (Yoga Alliance) international unerkannt. 2023 hunn ech eng 60 Stonnen Restorative Yoga Ausbildung gemach, eng Fortbildung am Aroma Yoga an eng Zertifikatioun fir d'Kakao-Zeremonie.
Hatha Yoga gellt als douce Yoga deen sech op statesch Postüre konzentréiert an ass ideal fir Leit déi wëlle mat Yoga ufänken. Obwuel en douce ass, kann en awer kierperlech a geeschteg erausfuerderend sinn. Vinyasa Yoga ass méi dynamesch, hei geet et em en fléissend Verbanne vun Otem a Beweegung.
A menge Stonne verbannen ech oft di zwee Stiler mateneen, awer ëmmer sou dat och een de réischt mam Yoga ufänkt nokënnt.
Ech versichen aktiv, fuerdernd Sequenze mat mi entspaannende Sequenzen ofzewiesselen. A menge Coursen geet et awer net nëmmen em di verschidden Asanas (Kierperübungen) a Pranayama (Otemübungen), mä och Meditatioun an d’Wäerter vum Yoga kennen Deel vun der Stonn sinn.
Mir selwer hëlleft Yoga souwuel vir nei Energie ze tanke wéi och vir a stressegen Zäiten besser entspanen ze kennen.
2024 hunn ech bei der Kammler Akademie an Däitschland eng Weiderbildung fir Yoga und Krebs gemach a sinn zertifiéiert Yoga und Krebs Trainerin, déi éischt hei zu Lëtzebuerg. Falls du de Moment eng Kriibserkrankung hues oder grad hannert dir hues da bass du a mengem Yoga Vita Cours genau richteg. Och Leit mat Long Covid, Fibromyalgie, Fatigue Syndrom, Parkinson... sinn an dësem Cours häerzlech wëllkomm. Kontaktéier mech gären wann s du dir net sécher bass oder méi Informatioune wëlls.
Klaud Houtmann
+352 661534808 - houtmannklaud@gmail.com
➰➰➰➰➰➰
|
Ech sinn d’Laetitia Flammang, certifiéiert Yogaléierin vir Hatha-, Vinyasa- & Yin Yoga
Nodeems ech iwwer Joeren fir mech alleng Yoga praktizéiert hunn, huet sech meng Leidenschaft während mengem Studium zu Maastricht verdéiwt wéi ech mam alldeegleche Stress vum Studenteliewen konfrontéiert war. Dee Wee vum Yoga huet mäi liewe definitiv verwandelt an huet mir net nëmmen déi verschidde Postüre an Otemtechnike bäibruecht mee och Freed, Präsenz a Rouh z'emärmelen.
Yin Yoga lued zur Introspektioun an. D'Postüre ginn am Sëtzen oder am Leien ausgefouert a ginn iwwer länger Zäit gehalen wouduerch d'Bindegewebe beuspracht gëtt an d'Flexibilitéit verbessert gëtt. Et geet awer net nëmmen ëm Dehnung, et geet ëm Gedold, Lassloossen an Entspanen. Mat hierem luesen Tempo ass Yin Yoga déi perfekt Ergänzung zu den aktiven an dynameschen Trainingsformen déi s du méiglecherweis nach bedreiws. E suergt dofir, dass du, während s du däi Kierper u seng Grenze brengs, him och déi Entspanung an Erhuelung gëss, déi e brauch.
Namasté,
Laetitia
Meng Coursen kanns du bequem online iwwer www.Salonkee.lu reservéieren, per Mail op yogatime.christine@gmail.com oder dech per SMS op den +352 621153026 umellen.
➰➰➰➰➰➰
|
|